Servicer

 

SCHUEREN AN SCHNEIDEN
D`Schuer vum Mupp an d`Finitioun mat der Schéier.

 

 

AUSKÄMMEN
D`Ennerwoll an den ofgestuerwenen Pelz gin erausgekämmt.

WÄSCHEN & FÖNEN
Professionellt Material an natierlech Produkter fir de Mupp gi genotzt.

 

TRIMMEN
Doudeg Hoer gi erausgezunn.

 

OUEREN, AEN BOTZEN & KRALLEN SCHNEIDEN
Gett bei Bedarf gemaach.

 

ZECKEN & FLÉI

D`Zecken gi professionell erausgeholl.Bei Flouhbefall gëtt de Mupp mat extra Shampoing gewäsch.

 

WELPEN

D´Muppen (bis 5 Méint) hunn héieren 1 RV gratis. +- 20 min. Et ass wichteg dass sie de Coiffeur fréi genuch kennen léieren.

 

KATZEN
Auskämmen an d`Knetzelen eraushuelen! D`Katz muss frëndlech sinn!

 

WELLNESS
Eng kleng Massage ass ëmmer mat derbäi.

 

ZOUSATZSERVICER AN DER FILIALE ZU BROUCH:

Bioresonanz-Therapie laut Paul Schmidt, Bach-Blütentherapie, Phytotherapie, Tellington TTouch, Reiki

PREISSER:

Kompletten Toilettage
Schueren, Wäschen, Dréchnen , Finitioun mat der Schéier, propper maachen vun den Aen an Oueren an Schneiden vun de Krallen

Klengen Mupp 50€-75€
Mëttelgroussen Mupp 75€-100€
Groussen Mupp 100€-125€


Des Präisser verstinn sech fir een Mupp, dem säin Pelz reegelméisseg ënnerhalen gëtt.

Suppléments
15€/15min. bei Lassmaachen vun staarker Verfilzung.
Prezisiounsaarbecht an méi Verschläiss vum Material

15€/15min. bei "comportement difficile" vum Mupp
Wibbelen hellt méi Zäit an Usproch

15€ bei Flouhbefall
speziellen Shampoing an d‘Botzen vum Salon mat anti-Flou Produit